Tuesday 10 October 2023 from 18.00 to 19.00
Lecture held in Luxembourgish
Neumünster Abbey
Speaker
Prof. Paul Wilmes
Professor of Systems Ecology
Head of the Systems Ecology Research Group
Deputy Director of the Luxembourg Centre for Systems Biomedicine
Abstract
Souwuel bannend wéi baussend eisem Kierper lieft eng riseg Varietéit vu Mikroorganismen, déi kollektiv als Mikrobiom bezeechent ginn. Et handelt sech ëm Bakterien, Pilzen, Viren an aner Mikroben. Si spillen eng wesentlech Roll bei der Verdauung, der Entwécklung vum Immunsystem an der Gesondheet am Allgemengen. An de leschte Joren ass besonnesch den Darmmikrobiom mat ville Krankheeten associéiert ginn, vun Diabetes bis Autismus, vu Kriibs bis Neurodegeneratioun.
A sengem Virtrag gëtt de Prof. Paul Wilmes en Iwwerbléck iwwer de mënschleche Mikrobiom a seng Roll, wéi et am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert gëtt a wéi en Afloss op d’Gesondheet a Krankheeten kann hunn. Hien presentéiert Beispiller aus rezente Fuerschungsstudien z.B. iwwert:
- wéi d’Aart a Weis wéi mir gebuer ginn, d’Entwécklung vum Mikrobiom bei Puppelcher beaflossen,
- wéi eng Kombinatioun vu Mikroben an Ernährung d’Entwécklung vu Darmkriibs a Parkinson ka beaflossen,
- wat de Mikrobiom eis iwwer déi fréi Stadien vun neurodegenerative Krankheeten wéi Parkinson and Alzheimer ka soen, an
- wéi mir Afloss op de Mikrobiom kënnen huelen fir gesond ze bleiwen.
Agenda
18.00 – Lecture
18.45 – Q&A
19.00 – Networking cocktail